Wëllkomm op der 

Web-Säit

vum Maske-Buttik

Wéi deet een des Zort vu Mask un?


Wéi op dem Bild rechts ze gesin, get de Lastik net hannert d'Ouere gespaant.

Et zitt een dén Deel vum Lastik, wou de Knuet dran ass iwert de Kapp 
bis an d'Genëck erof. 

Duerno hiëft én d'Mask mat dém iëweschten Deel vum Lastik virun d'Gesicht a spaant de Lastik uewen um Kapp. 

Je no Gefill eppes méi uewen oder eppes méi hannen.


Viirdeeler

Et drëckt an zit näischt hannert den Ouëren

Besonnesch kamoud fir Leit déi e Brëll oder Hörgeräter mussen droën

       D'Gefor, de Brëll oder d'Hörgeräter beim Undoën oder Ausdoën vun der Mask mat 
       erofzerappen ass praktesch zu 100% gebannt.

Kurzzeiteg Ausdoën

Wann én d'Mask muss kurzzeiteg ausdoën, z. Bsp. während dem Autofueren oder am Restaurant, muss een se weder an d'Boxentäsch stiëchen, nach an der Posch verstauen. 
Och net op den Arm strëppen oder und de Rëckspigel hänken. 
       

      Et zitt én dén ieweschte Lastik einfach no vir iwert d'Gesicht an d'Mask kann da wéi eng      
     Halsketten virun engem hänken.
     Vun do ass se da bei Bedarf erem ganz schnell zrëck op hier Plaaz virum Gesicht.


Léist sech ganz einfach verstellen

Well de Lastik an engem Stëck ass an duerch déi zwee Tunnelen lenks a rechts gefouert get, brauch een jüst de Knuet lass ze machen an op enger neier Plaaz nees fest ze machen.

       Doduerch passt een d'Längt ganz einfach un seng Kappform un.


Material-Qualitéit

Baussen- a Bannestoff (Doublür) = 100% Kotteng
Tëscht Baussen- a Bannestoff ass Plaaz fir e Filter dran ze stiëchen

100% Handarbecht